Protestpiquet 11. Juni 2025 – 9h30 zu Lëtzebuerg – virum Dôme Eck rue du Fort Neipperg / avenue Charles de Gaulle
Zanter Méint gëtt de Geck mat eis gemaach. Reunioune mat der Direktioun wéi och déi um Niveau vun de Chef de Servicen degradéieren ëmmer méi zu rengen Infoversammlungen. De Sozialdialog, esou wéi en emol existéiert huet, ass quasi inexistent. Ganz rezent Beispiller heifir sinn z.B. Annonce vun der Aféierung vun der « Prime opérationnelle » an Aféierung vun néie Roulement, bedéngt duerch Ofschafung vun de Galop-Tier.
Hei gëtt Meenung vun de Mataarbechter/innen vum Terrain einfach ignoréiert – wou awer iwwer 90% vun hinnen déi kuerz Fréischicht wëlle gäre bäibehalen. Mee do virdru war awer och de Sujet Mataarbechtergespréicher, wou bal all eis Fuerderungen ignoréiert gi sinn, an Direktioun, trotz eisem Widderstand, de MAG agefouert huet an domat och d’Evaluatioun. Aner Sujete gi par contre op déi laang Bänk gedréckt.
Esou de Sujet vun der Astreinte, wou zanter Joren einfach kee Fortgang am Dossier ass. Mee awer och d’Prime fir de BTS gëtt stéifmütterlech behandelt. Guer net ze schwätze vun der erëm Aféierung vun de Roulementen bei BU wou eis Direktioun bewosst géint d’Bestëmmunge vum Statut agéiert.
Als Syndikat Eisebunnen hu mir ëmmer erëm probéiert bei den eenzelnen Sitzungen eis Positioun ze erklären, leider Gottes si mir awer ëmmer ëfters op daf Ouere gestouss. Eis Direktioun agéiert mëttlerweil wéi en CEO – a dat kënne mir net gutt heeschen. Dofir muss elo eppes passéiere fir dass eis Direktioun hoffentlech versteet dass et eis Eescht gemengt ass.
Mir ruffen dech dofir op eis bei dësem Piquet ze ënnerstëtze fir dass eis Hierarchie geséit dass Léit um Terrain onzefridde sinn.
Mir fuerderen:
- Erëm hierstelle vum Sozialdialog bei den CFL
- Revalorisatioun vun de Carrièren (I, A, M an S)
- System 6-9-9 fir Léit déi bis dato Galoptier haten
- Promotiounsexamen fir jiddereen
- D’Aféierung vun der IG 15 wou eise Fuerderunge Rechnung gedroe gëtt
- D’Ofschafe vun der Evaluatioun beim Mataarbechtergespréich
- Definitioun vun enger Astellungspolitik fir demPersonalmangel op strategesch wichtege
Posten entgéintzewierken - Aféierung vun der BTS-Prime