Eis Gesondheet, den wichtegen Atout, deen mer iwwerhaapt hunn, dat huet eis d’Covid-19 Krise jo elo erëm richteg bewosst gemaach. Mir däerfen awer op kee Fall mengen, dass mir ganz iwwert den Bierg sinn an dat ganzt elo verharmlosen. Et brauch en nëmmen no China ze kucken.
Extrem wichteg awer ass, dass mir aus dëser sanitärer Krise léieren an am Gesondheetswiesen op Feeler aus der Vergaangenheet reagéieren. Hei muss massiv investéiert ginn an d’Infrastruktur an d’Ausbildung vum Personal souwéi an Personal tout court.
Mir däerfen op kee Fall zouloossen, dass d’Personal am Gesondheetswiesen un hier Limite stéisst.
Nach eemol e groussen Respekt hinnen all, déi eis duerch Covid Krise bruecht hunn an nach all Dag bréngen.
Och fir eis Politiker war et eng schwéier Zäit, fir ëmmer déi richteg Entscheedungen ze treffen. Do kann een net einfach an engem Buch noliesen, wat maachen. Masken oder besser keng Masken, Impfen oder net Impfen. Schwéier Entscheedungen hunn missten getraff ginn! Dozou koumen dann nach déi selwer ernannten Gesondheetsspezialisten, dat war schoun eng schwéier Zäit fir eis All.
Domat net genuch, war 2022 fir eisen Planéit an déi Mënschen, déi drop liewen, keen gutt Joer.
Déi duerch den Klimawandel bekannten Konsequenzen ginn ëmmer méi siichtbar. Mir mussen schnellstent reagéieren an jiddereen kann dobäi hëllefen. Et dierf awer net sinn, dass nëmmen déi gutt Betuchten sech den Klimaschutz leeschten kënnen. D’erneierbar Energie muss jidderengem zougänglech gemaach ginn.
Zuel vun den Mënschen, déi deeglech am Urkainkrich stierwen ass erschreckend.
Den Krich an der Ukrain huet eis erëm gewisen, dass en selbstverherrlechen kranken Mënsch, den déi néideg Muecht huet, déi ganz Mënschheet an den Ofgrond zéien kann!
Eis Gedanken sollen grad elo bei deenen Mënschen sinn, deenen et net gutt geet, déi fréieren an Honger leiden an net wëssen, op se an den nächsten Dag nach Liewen, well se nuets am Schlof vun enger Dron zoubombardéiert goufen, un ukrainesch Kanner, Fraen an Männer, déi der Willkür vun engem russeschen alen GAGA ausgeliwwert sinn.
Jo, an Europa ass Krich an all Dag stierwen Mënschen.
Awer och an aneren Länner stierwen Mënschen. Fir nëmmen nach een Land ze nennen, den Iran, wou Mënschen ëmbruecht ginn, well se fir hier Mënscherechter demonstréiert hunn.
Dofir ass et wichteg, dass mir eis Alleguerten fir Mënschen op dëser Welt ansetzen.
Ech iwwerloossen et der Präsidentin vum OGBL, dem Nora Back, op déi méi national Themen anzegoen.
Zum Index kann Nora aus der 1ter Hand beriichten.
Ech wollt awer hei just nach mat engem alen Cliché opraumen.
Gëtt dann do net ëmmer behaapt, dass beim lëtzebuergeschen Staat sou lues geschafft gëtt.
Dat stëmmt jo guer net, an den Ministère vun der Fonction Publique huet eis dat bewisen!
Enn November huet et säitens dem Minister Marc Hansen geheescht et wieren nach keng Fuerderungen vun Gewerkschaften zu engem neien „Accord salarial“ an der „Fonction Publique“ an sengem Ministere ukomm.
Nujee dann war eisen Bréif aus dem „Departement de la Fonction Publique“ vum OGBL/Landesverband warscheinlech vun der Post verschleeft ginn. Mir kruten jiddefalls keng Äntwert op eist Schreiwes vum 26 Oktober, mat eisen Fuerderungen an Froe no Matschaffen.
Wéi mir den 6. Dezember 2022 dorops hin eng Pressekonferenz ofgehalen hunn an souguer duerch d’Blumm mat den Fändelen gewénkt hunn, stoung ups di wupps 3 Deeg dono een Gehälterofkommen am ëffentlechen Déngscht, deen erëm just mat der CGFP ausgehandelt an ofgeschloss gouf.
Ech muss jo kengem erklären, dass déi Aart a Weis eis zimmlech eropstéisst. Et muss een awer agestoen, dass hei richteg schnell verhandelt gouf, Resultat weist et awer och!
Elo gëtt et, 5% op déi éischt 100 Indexpunkten, also 106€ brutto fir 2023 bei. Déi ginn dann erëm 2024 ewech geholl, dann kennt eng generell Punkterhéijung vun 1,95 % ab 2024.
Am prakteschen heescht dat, dass munch vun eisen jonken Kolleegen/innen 2024 manner kréien wéi 2023.
Ech hat mer einfach erlaabt, dem Minister Marc Hansen unzeruffen an him dat z’erklären. Senger Ausso missten d’Gewerkschaften dat hiren Memberen dann gutt erklären, dass déi 106€ iwwer 12 Méint just enger eemoleger Primm gläicht, déi een 2024 net méi kritt.
Hien kann do sécher sinn, dass mir schonn jidderengem Bescheed soen, wien dat do mat ënnerschriwwen huet!
Nach Kuerz op eis Eisebunn ze schwätzen:
Zur Zäit ass et net einfach op der Bunn, zemools net am Norden vum Land.
Do mécht eis en Tunnel zimmlech Misär, an villen Läit den alldeeglechen Aarbechtswee, vill méi schwéier.
D‘ Aarbechten fir dat erëm an d’Réi ze kréien sinn net einfach an daueren laang. Do geet eng Plooschter net méi duer, fir erëm sécher an den Norden ze kommen.
Et bleift ze hoffen, dass den genannten Termin kann agehalen ginn, an dass mir geschwënn mat dem neien Material, wat dësen Weekend virgestallt ginn ass, dorobber fueren kënnen.
Mir mussen awer och nach emol en Rappell maachen, well fir den Ënnerhalt vun dësem neien Material, an et kënnt es richteg vill, do huet eis Regierung net geknéckst, brauchen mir och den deementspriechenden neien Atelier, mat gutt ausgebiltem CFL Personal.
An deem Sënn wënschen ech Iech nach emol alles Guddes fir 2023, an ginn elo der Präsidentin vum OGBL dem Nora Back d’Wuert!
Georges MERENZ
Président FNCTTFEL-Landesverband