Dëst gesond Aarbechtsklima – de « Bien-être au travail » – däerf net nëmmen op engem Blat Pabeier stoen, mee soll och am Alldag konsequent ëmgesat ginn. Besonnesch fir eis Kolleeginnen a Kolleegen, déi all Dag no engem Déngschtplang schaffen, ass et essentiel, dass d’Aarbechtskonditioune respektéiert ginn.

Leider geschitt et awer vill ze oft, dass Schichte kuerzfristeg geännert ginn oder dass gesetzlech Pause wärend der Schicht musse verréckelt ginn. Dës Situatioune féieren zu Stress, belaaschten d’Liewensqualitéit an drécken op d’Motivatioun vun de Leit.

Zousätzlech féiert de Personalmangel op munchen Déngschtstellen, hei wëll ech nëmmen als Beispill eis Fahrdienstleiter erwänen, dozou bei, dass Mataarbechterinnen a Mataarbechter net ëmmer déi Fréi Deeg kréie wéi si et sech wënschen oder souguer op hire fräien Deeg musse schaffe kommen.

Work-Life-Balance

Mir schwätzen heifir vun „Work-Life-Balance“: engem harmonesche Gläichgewiicht tëscht berufflechen Ufuerderungen an dem Privatliewen. Wann dëst Gläichgewiicht net respektéiert gëtt, entsteet Onzefriddenheet, Stress a laangfristeg och Gesondheetsproblemer. Besonnesch fir déi jonk Kolleeginnen a Kolleegen ass et wichteg, dass si op engem stabillen Aarbechtsplang kënnen hiert Privatliewen opbauen. Wann dëse Plang elo awer permanent an dann och nach kuerzfristeg geännert gëtt, féiert dat zu Frustratioun an Onzefriddenheet bei de Mataarbechterinnen a Mataarbechter, an dat ass och ze verstoen.

D’CFL huet a leschter Zäit wichteg Efforte gemaach, fir d’Schichtaarbecht vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter ze verbesseren an awer stëllt Schichtaarbecht weiderhin eng grouss Belaaschtung duer.

Schichtaarbecht, besonnesch Nuetsaarbecht, belaascht d’Gesondheet andeems se de Schlof-Wakereg-Rhythmus stéiert, wat zu Schlofstéierungen, Middegkeet, Konzentratiounsproblemer an engem erhéichte Risiko vun Accidenter féiert.

Trotz dëse Belaaschtunge ginn eis Kolleeginnen a Kolleegen um Terrain all Dag hiert Bescht, fir dass den deegleche Betrib reiwungslos funktionéiert.

Dat verdéngt Unerkennung a Respekt.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wäerten dës Situatioun net aus den Ae verléieren. Mir stinn hannert iech a wäerten eis och an Zukunft konsequent fir är Interesse asetzen.

Réckbléck op d’Joer 2025 bei den CFL: Protest-Piquet – BTS – Galopp-Tier – Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune fir Reservisten am BU

Dass dat elo keng blann Parole sinn, hu mir den 11. Juni 2025 mat eisem Piquet virun der Direktioun bewisen. Nëmme mat ärer staarker Ënnerstëtzung war et méiglech, Beweegung a verschidden Dossieren ze bréngen.

Fir déi massiv Presenz den Dag, soe mir iech hei op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci wëll ouni Iech wär a munchen Dossieren näischt passéiert.

Ee vun de Punkte vun eisem Piquet war d’Unerkennung vum BTS‑Diplom. Hei hunn um Enn vum leschte Joer déi éischt Leit déi gutt Noricht vun der Direktioun krut, dass si elo Primm kréien.

Wat Thema Galopp-Tier ugeet, ass et – am Géigesaz zu deem wat d’Direktioun am Ufank ugekënnegt hat – net zu enger Aféierung vun 3×8‑Stonnen‑Schichten komm. D’Direktioun ass hei dem Wonsch vun de Mataarbechter entgéint komm an dofir soe mir och Merci.

Betreffend de Sujet Harmoniséierung vun de Carrièren, goufen déi éischt Gespréicher nom Piquet mat eis gefouert.

Ouni dës Aktioun wieren d’Decisioune kloer nëmmen am Sënn vun der Direktioun ëmgesat ginn.

E grousse Succès de mir 2025 konnte verzeechen ass awer sonner Zweifel d’Arrangement dat mir mat de Verantwortlechen aus dem Bus elo Enn des Jores 2025 konnten ofschléissen. Hei ass et eis, no laangem Kampf, gelongen dass an abseebarer Zäit d’Aarbechtskonditiounen sech substanziell wäerte verbesseren. Dëst betrëfft besonnesch d’Reservisten. D‘Resultat dat mir erreecht hunn ass de Merite vun eisen Delegéierten, ouni si wär et net zu deene Verbesserunge komm.

Dofir e grousse Merci un eis Delegatioun aus dem BU.

Mir wëllen eis op dëser Plaz awer och bei der néier Direktesch vun der Direktioun Activités Voyageurs, der Madamm Sophie Lacour, an hire Mataarbechter den Häre Carlo Hansen a Laurent Neumann fir déi gutt Zesummenaarbecht bedanken.

2025 hat CFL awer och erëm eng Mataarbechterëmfro gemaach. Resultater vun der Ëmfro weisen drop hin dass nach laang net alles beim gréisstem Employeur am Land, an dat ass CFL, am grénge Beräich léit. Et ass elo wichteg dass CFL déi richteg Conclusiounen aus der Ëmfro zitt an déi richteg Mesurë ënnerhëlt fir dem entgéint ze wierken. Als Syndikat Eisebunnen si mir gewollt bei der Ausschaffung vun de Mesurë aktiv matzeschaffen.

Eng Gewerkschaft ass dofir do, op hier Memberen an d’Leit am Betrib ze lauschteren an hir Interessen an Iddien ze vertrieden. Dat gëllt och dann, wann dës Iddien net mat deene vum Patron iwwereneestëmmen oder him net gefalen.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, eis Aufgab als Gewerkschaft ass et d’Stëmm vun de schaffende Leit ze sinn. Mir sinn net dofir do, d’Iddie vum Patron ze vertrieden – dat ass net d’Roll vun enger Gewerkschaft.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, den OGBL ass déi stäerkste Gewerkschaft am Land. De Beweis dofir war déi grouss Manifestatioun vum 28. Juni 2025, wou iwwer 25.000 Militante géint d’Regierungspolitik op d’Strooss gaange sinn.

Dat weist: zesummen si mir staark, zesumme kënne mir eppes beweegen.

D‘Joer 2025 bei de Filialen: Lorry-Rail S.A., Multimodal, Luxtram, CFL Mobility

Als Syndikat Eisebunnen si mir awer net nëmme fir déi statutaresch Eisebunnerinnen a Eisebunner zoustänneg, mee och fir Kolleeginnen a Kolleegen déi an de Filialen a bei Luxtram schaffen.

Och dofir, dass hir Interessie richteg verdeedegt ginn, hu mir eis dat lescht Joer agesat.

E groussen Erfolleg vum OGBL war den Ofschloss vum éischte Kollektivvertrag bei Lorry-Rail S.A. Hei ass fir d’éischt Kéier an der Geschicht vu Lorry-Rail S.A. e Kollektivvertrag fir déi 25 Salariéen ënnerschriwwe ginn.

Des weidere gouf Enn des Joer 2025 de Kollektivvertrag fir de Groupe CFL multimodal ënnerschriwwen. Dëse Kollektivvertrag, de bis den 31. Dezember 2027 gëlteg ass, betrëfft all Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun CFL multimodal, CFL logistics, CFL Terminalen, CFL Site Services a CFL Intermodal, also bal 400 Mataarbechterinnen a Mataarbechter.

Den neie Kollektivvertrag ass d’Resultat vun engem konstruktive sozialen Dialog tëscht de Sozialpartner a markéiert konkret Fortschrëtter fir d‘Mataarbechterinnen a Mataarbechter vun den Duechtergesellschaften. D‘Aarbecht vum OGBL war entscheedend fir dës Fortschrëtter ze erreechen, an d’Vertriederinnen a Vertrieder vun eisem Syndikat wäert sech weiderhi fir d‘Verdeedegung vun den Interessen, der Unerkennung an den Aarbechtsbedingunge vun de d‘Mataarbechterinnen a Mataarbechter vum CFL multimodal Grupp an all hiren Duechtergesellschaften engagéieren!

Bei CFL Mobility ass Ufank 2025 déi nei Betribsuerdnung a Kraaft getruede wou eis zwou Delegéierte zesumme mat der zoustänneger Zentralsekretärin vum OGBL, dem Manon Meiresonne, aktiv bei der Ausschaffung dru bedeelegt waren.

En anere Betrib wou mir eis, vun der Kreatioun u, staark fir d’Interesse vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter asetzen, ass Luxtram. Esou war hei den 3. Oktober 2019, no laange Verhandlungen an engem staarke Piquet, den éischte Kollektivvertrag ënnerschriwwe ginn.

D’lescht Joer am Oktober hunn déi éischt Gespréicher mat der Direktioun vu Luxtram stattfonnt, fir den aktuelle Kollektivvertrag ze erneieren. Hei wäerte mir alles dru sëtze fir dat fir dat beschtméiglecht Resultat ze erreechen. Paie wäerten dobäi de gréisste Knackpunkt sinn.

Ouni Zweifel kann ech hei behaapten dass e mouvementéiert Joer 2025 hanner eis léit. Och wann et net ëmmer einfach war, a mir vu villen Säiten attackéiert gi sinn, hu mir eis net intimidéiere gelooss, an hunn eis zu 100% fir Léit an de Betriber agesat.

D’Resultater déi mir bei den eenzelnen Verhandlungen erreecht hu, wären awer ouni d’Ënnerstëtzung vun de Mataarbechterinnen a Mataarbechter net méiglech gewiescht.

Muncher sinn haut och hei präsent an hinne well ech op dëser Plaz nach eng Kéier e grousse Merci soen.

Erausfuerderunge fir 2026: Harmoniséierung vun den ënneschte Carrièrë

2026 stinn eng Rei wichteg Dossieren op der Dagesuerdnung. Geplangt ass, dass am Laf vum zweeten Trimester déi éischt paritéitesch Kommissioun zesumme wäert kommen, an där all d’Upassungen ëmgesat ginn, déi an de Gehälteraccorde vun der Fonction publique an dënne leschte Jore festgehale goufen.

Méi spéit am Joer ass dann eng zweet paritéitesch Kommissioun virgesinn, wou d’Harmoniséierung vun den ënneschte Carrièren am Mëttelpunkt steet. Zil ass et, d’Gesetz vum 06 Juni 2025 iwwer d’Harmoniséierung vun den ënneschte Carrièrë fir Staatsbeamten an Employéë bei den CFL ëmzesetzen.

Et bleift ze hoffen dass et de Verantwortleche bei den CFL an eiser zoustänneger Ministerin bewosst ass, dass d’Resultat vun dëser Harmoniséierung keng Nullnummer wäert sinn, d’Aféierung beim Staat war och net gratis.

Zil muss et sinn dass mir Léit déi bei eis schaffen och bei eis behalen – si gi gebraucht – wëll ouni si bleift de Betrib stoen – sief et op der Schinn wéi och op der Strooss – denkt w.e.g. do drun.

D’Ëmsetzung bei den CFL däerf dofir net manner favorabel si wéi beim Staat!

CFL ass bis am Moment nach ëmmer an attraktive Patron – dat soll och esou bléiwen. Falsch Spuermesurë kënnen dat awer schnell kippen – Reform vun 2015 war schonns en éischte Schratt an déi falsch Richtung.

Weider am A behale musse mir déi Dossieren, déi nach aus dem leschte Joer stamen – wéi zum Beispill d’Ëmsetzung vun der néier Reegelung iwwer de Bereetschaftsdéngscht, d’Mataarbechtergespréicher oder d’Ofschafe vun der Galopptier. All dës Theme sinn a bleiwe fir eis wichteg a verlaangen eng kloer Linn.

Investitiounen an d‘Eisebunnsinfrastruktur

D‘CFL dréit wesentlech dozou bäi, d‘CO2-Emissiounen ze reduzéieren, andeems si 100 % gréng Elektrizitéit benotzt, de Schinnentransport als ëmweltfrëndlech Alternativ zum Stroosseverkéier fërdert an hir Emissiounen aktiv duerch eege Strategië wéi d‘ »Zero-Carbon-Strategie » reduzéiert, déi verhënnert, datt Milliounen Tonnen CO2 an d’Atmosphär fräigesat ginn.

Als Syndikat Eisebunnen si mir frou, datt d’Regierung an de kommende Jore weiderhi staark an d‘Schinnennetz an d‘Rullmaterial investéiert. Datt ass keng Selbstverständlechkeet an dofir e grousse Merci un eis eis zoustänneg Ministesch, der Madamm Yuriko Backes.

Den 12. Dezember 2025 ass och Ënnerschrëft ënner de neie Kontrakt fir d’Gestioun vun der Eisebunnsinfrastruktur gesat ginn, an dat fir eng Periode vu 15 Joer.

Duerch dëse Kontrakt erneiert de Staat, de Besëtzer vun der Eisebunnsinfrastruktur ass,  d’Recht vun den CFL fir d’Gestioun vum nationalen Eisebunnsnetz, inklusiv d’Eisebunnsinfrastruktur am Hafe vu Mäertert, souwéi 68 Gare an Haltestellen.

Datt ganz léisst se de Staat 4,7 Milliarden Euro kaschten – e Beweis dofir dass de Staat vertrauen an CFL huet.

Pro-Kapp-Investitioun an d’Eisebunnsinfrastruktur loung 2024 bei 587 Euro op de Kapp – domat loung Lëtzebuerg op Plaz 1 an Europa an dat nach virun der Schwäiz.

2027 wäert Neibaustreck Beetebuerg-Lëtzebuerg, an de Pôle d’échange Howald a Betrib goen.

Déi nei Streck wäert et den CFL erlaben, seng Offer a Richtung Frankräich weider auszebauen, an domat d’Leit dozou ze encouragéiere, vum Stroosseverkéier op d’Eisebunn ëmzeklammen.

An déi nächst grouss Projete stinn och schonns virun der Dier – Pôle d’échange Hollerich, Modernisatioun vum Triage Beetebuerg, neien Atelier zu Rodange fir nëmmen déi hei ze nennen.

Fir all dës Projete brauche mir motivéiert a engagéiert Mataarbechter. Allerdéngs muss d’CFL hinnen och Karriärentwécklungsméiglechkeeten ubidden, well wann dëse Aspekt net berücksichtegt gëtt, riskéiere mir, se ze verléieren.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, léif Invitéen, d’Zukunft stellt eis viru grouss Erausfuerderungen, mee si bitt eis och Chancen. Chancen, fir d’Aarbechtswelt ze verbesseren, fir Gerechtegkeet ze schafen a fir déi Stëmmen héieren ze loossen, déi zielen : Är Stëmmen.

Mir wäerten och an Zukunft mat der néideger Konsequenz, mat Courage an engem klore Standpunkt fir Är Rechter an Är Interessen antrieden. Zesummen hu mir scho vill erreecht – an zesumme wäerte mir nach vill méi beweegen.

Ech soen iech all Merci fir äert Engagement, äre Vertrauen an äre staarke Réckhalt.

Loosst eis och 2026 Hand an Hand virugoen, mat Solidaritéit, mat Respekt a mat der Iwwerzeegung, datt eng staark Equipe all Hürd meeschtert.

Merci fir Är Ënnerstëtzung, Är Solidaritéit an Är Kraaft. Nëmme mat Iech kënne mir d’Zukunft gestalten.

Georges Melchers

Präsident Syndikat Eisenbahnen

OGBL/FNCTTFEL-Landesverband