Hannert den Diskussiounen iwwer Kafkraaft, de soziale Mindestloun, Energiepräisser oder sozial Mesurë stellt sech eng vill méi fundamental Fro: Wien vertrëtt haut nach wierklech d’Interesse vun de Salariéen an eiser Demokratie?

Et gouf eng Zäit, wou an der Chamber vill Deputéiert souzen, déi direkt aus dem Beruffsliewe komm sinn. Aarbechter, Eisebunner, Léierpersonal, Beamten, Employéen oder Gewerkschaftler. Fraen a Männer, déi woussten, wat Schichtdéngscht bedeit, déi d’Realitéit vum ëffentlechen Déngscht kannten, déi woussten, wat et heescht, um Enn vum Mount mat sengem Salaire auszekommen oder déi konkret Auswierkunge vun enger Reform am Alldag vun de Famillje verstanen hunn.

Haut gesäit dat anescht aus. An der Chamber fanne mir ëmmer méi Juristen, Ekonomisten, Beroder, Kaderen oder Leit, déi hire ganze beruffleche Wee an der Politik oder ronderëm d’Politik gemaach hunn. Natierlech sinn sou Kompetenze wichteg an néideg. Mä wann déi, déi decidéieren, ëmmer manner direkte Kontakt mat der Realitéit vun de Leit um Terrain hunn, da gëtt de Gruef tëscht Politik a Bierger ëmmer méi grouss.

Wou ass haut den Eisebunner an der Chamber? Wou sinn d’Handwierker, Aarbechter vun de Gemengen, d’Employéen aus de Betriber, d’Infirmièren oder déi vill aner Leit, déi all Dag eist Land um Lafen halen?

Dës Absence ass net nëmme symbolesch. Si huet och en direkten Afloss op d’Prioritéiten, op d’Debatten an heiansdo souguer op d’Verstoe vun de Problemer, mat deene vill Salariéen all Dag konfrontéiert sinn.

Dobäi kënnt nach eng aner Realitéit, iwwer déi vill ze wéineg geschwat gëtt. Haut besteet d’Majoritéit vun de Leit, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, aus Persounen, déi net un de Chamberwale kënnen deelhuelen. Dausende vu Salariéen droen all Dag mat hirer Aarbecht zum Wuelstand vun eisem Land bäi, bezuelen hei Steieren a Sozialbäiträg, hunn awer keng direkt Stëmm bei de nationale Walen.

Dat stellt eng Erausfuerderung fir eis Demokratie duer. Well wa grouss Deeler vun der schaffender Bevëlkerung net an de politeschen Decisiounsprozesser vertruede sinn, riskéiert de Gruef tëscht de Realitéite vum Terrain an de politeschen Debatten nach méi grouss ze ginn.

An dësem Kontext kritt d’Chambre des Salariés eng besonnesch Bedeitung. Si ass eng vun de wéinegen Institutiounen, an där all Salariéë – onofhängeg vu senger Nationalitéit – demokratesch vertruede gëtt. Doduerch spigelt si d’Realitéit vun der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg oft méi direkt erëm wéi vill aner politesch Institutiounen. Och dat erkläert, firwat Gewerkschaften an d’Vertrieder vun de Salariéë eng esou wichteg Roll an eiser Gesellschaft spillen.

De Lëtzebuerger Modell huet awer laang dovunner gelieft, datt et och Politiker gouf, déi aus dem Vollek a vum Terrain komm sinn. Perséinlechkeete wéi de Benny Berg, Johny Lahure, John Castegnaro, Roger Negri oder och de fréiere President vum Landesverband, de Fons Hildgen, déi duerch hir berufflech a gewerkschaftlech Erfarung eng direkt Verbindung mat der Aarbechtswelt haten. Och Leit ewéi de Marcel Schlechter, laangjärege Member vum Landesverband, stounge fir dës Approche zum Terrain an zu de Suerge vun de schaffende Leit.

Si waren net nëmmen Observateure vum Terrain – si waren en Deel dovun.

Genee dofir musse Gewerkschafte Positioun bezéien, déi vu verschiddene Leit als „politesch“ ugesi ginn. Net well si eng Partei ënnerstëtze wëllen oder sech an de politesche Konkurrenzkampf amësche wëllen, mä well d’Interesse vun de Salariéë soss riskéieren, net méi genuch Gehéier ze fannen.

An d’Problemer ginn nach vill méi wäit. Huelt nëmmen d’Logementskris. Fir vill jonk Leit, Familljen a souguer Salariéë mat engem korrekten Akommes ass et haut bal onméiglech ginn, zu Lëtzebuerg eng Wunneng oder en Haus ze kafen. Och d’Loyeren hunn an de leschte Joren en Niveau erreecht, deen ëmmer méi Leit un hir finanziell Grenze bréngt.

D’Resultat gesi mir all Dag: ëmmer méi Leit si gezwongen, Lëtzebuerg ze verloossen oder sech iwwer d’Grenz nidderzeloossen, net well si dat onbedéngt wëllen, mä well si sech hei am Land kee Wunnraum méi leeschte kënnen. Vill vun hinne schaffen all Dag zu Lëtzebuerg, bezuelen hei Steieren a bedeelegen sech um wirtschaftleche Succès vum Land, kënnen awer net méi do wunnen, wou si schaffen.

Dat ass net nëmmen eng sozial Fro. Et ass och eng Fro vum gesellschaftlechen Zesummenhalt. Wa Leit, déi eist Land all Dag um Lafe halen, ëmmer méi wäit ewech musse wunnen, well d’Präisser hei net méi bezuelbar sinn, da muss een sech froen, ob déi politesch Decisiounen nach genuch un der Realitéit vun de betraffene Mënschen orientéiert sinn.

D’Tripartite ass dofir ee gutt Beispill vum Lëtzebuerger Sozialmodell. Si existéiert, well unerkannt gëtt, datt eng Regierung net eleng decidéiere kann an datt d’Vertrieder vum schaffende Vollek eng legitim Plaz um Dësch hunn. De sozialen Dialog ass zanter Joerzéngten eng vun de Stäerkte vun eisem Land.

D’Aarbechter, d’Employéen, d’Beamten, d’Handwierker, d’Infirmièren an all déi aner Leit, déi all Dag de Räichtum vun eisem Land schafen, sollten sech och an eiser Chamber erëmfannen.

Dofir däerf een sech d’Fro stellen: Spigelt eis Demokratie nach genuch déi sozial Realitéit vun eisem Land erëm?

Wann d’Leit vum Terrain lues a lues aus de politeschen Institutioune verschwannen, da riskéiert och e wichtegen Deel vun der Realitéit aus den Debatten ze verschwannen.

D’Gewerkschafte wäerten och an Zukunft hir Roll spillen an d’Interesse vun de Salariéë verdeedegen. Dat ass hir Missioun.

Awer an enger gesonder Demokratie däerf dës Verantwortung net eleng op de Schëllere vun de Gewerkschafte leien.

Well déi bescht Sozialpolitik ass nach ëmmer déi, déi mat de Leit vum Terrain gemaach gëtt – an net nëmme fir si.

 

David Arlé

Vizepresident

Syndikat Eisebunnen FNCTTFEL/Landesverband