Wéi gewosst si mir leider nach ëmmer net aus dëser sanitärer Krisen eraus, a mir wëssen haut nach ëmmer net wéi et do weider gëtt.

Domadder net genuch ass an Europa e fuerchtbare Krich ausgebrach, welch verheerend Folge bei der Ukrainscher Bevëlkerung mat sech bruecht huet, an awer och schwéier Konsequenze fir de Recht vun der ganzer Welt.

All Dag stierwe vill onschëlleg Mënschen an der Ukrain.

An dat alles well e stuere Politiker säin territoriale Muechtkampf um Bockel vun der Ukrainscher Bevëlkerung ausdréit.

Massiv Flüchtlingswelle bréngt dëse Krich mat sech, och op Lëtzebuerg.

E ganz grousse MERCI un all déi Bierger, déi Flüchtlingen doheem bei sech opgeholl hunn, an un déi, déi Mënschen an der Ukrain finanziell a mat Hellefsgidder ënnerstëtzen.

Et muss en sech awer och bewosst sinn, dass momentan och nach an anere Länner op dëser Welt Krich ass, an dass mir hei zu Lëtzebuerg och Flüchtlinge vun do am Land opgeholl hunn.

Eis Regierung däerf op kee Fall eng Zwouklassegesellschaft vu Flüchtlingen zu Lëtzebuerg schafen.

Dofir fuerdere mir als OGBL, dass d’Flüchtlingen alleguer, déi selwecht Rechter musse kréien, egal welch Relioun oder Hautfaarw si hunn, an aus wellechem Land si kommen. Si mussen all dat selwecht Recht op Aarbecht kréien.

Trotz allem Misär ronderëm eis, hunn mir als OGBL decidéiert eis Familljefest um 1. Mee dëst Joer erëm hei am Neimünster ofzehalen.

Et kennt awer oft Anescht wéi geplangt.

Kierzlech hat eis Patronatsgesteierter Regierung eng Tripartite aberuff, fir zesumme mat de Patronatsvertrieder an de Gewerkschaften no Léisungen ze sichen, déi eis aus der Energie Krise eraus sollte féieren, an der mer eis haut befannen, an déi elo duerch de Krich an
der Ukrain nach vill méi verstäerkt gi ass.

Am Virfeld vun der Tripartite huet eis Präsidentin um leschten Nationalvirstand vum OGBL, mat Unanimitéit en ganz kloert Mandat krut, konstruktive Proposen, de Verhandlungspartner an dëser Tripartite ze ënnerbreeden.

Dees Proposë sollten all de Salariéen, souwuel de Residenten wéi och de Frontalien, an awer och de Betriber an dëser Krise hëllefen.

D’Regierung ënnert der Tutelle vum Patronat wollt awer näischt dovunner wëssen, fir si gëtt et just ee soziale Feind hei zu Lëtzebuerg, an dat ass den INDEX, an deen ass hinne schon laang en Dar an den Aen.

Obwuel d’Regierung an hirer Regierungserklärung fest geschriwwen hat, dass si zum Index stinn, gëtt haut déi duerch de Krich an der Ukrain nach verstäerkten Energiekrise benotzt, fir sech den Index op Leescht ze huelen, an notze wéi so oft, eng Krisesituatioun aus fir
d’Gewerkschafte massiv ënner Drock ze setzen.

Se sollten awer bedenken dass niewent dem schaffende Vollek, kleng a mëttelstänneg Betriber, op laang Dauer och Verléierer vun engem manipuléierten Index wäerte sinn, sollt Kafkraaft vun hire Klieen permanent erof goen.
De Gewënner vu solch enger Manipulatioun vum Index, ass virun allem dem lëtzeboiesche Staat als gréisste Patron vu Lëtzebuerg, an och de Finanzsecteur, dem et jo awer blendend gëtt.
Léiw Kolleeginnen a Kolleegen, duerch de Verrot an dëser Tripartite um Index, si mir gezwonge ginn, haut op Strooss ze goe fir den Indexverräter e ganz kloren Message ze ginn.

  • mir loossen net zou dass den Index manipuléiert gëtt

Fanger ewech vum Index.

Dëse Slogan huet de Landesverband schon 1982 benotzt fir den Index ze verdeedegen, do ass ufangs net op eis gelauschtert gin, an de 5. Abrëll 1982 stoungen dunn Rieder op der Letzeboiescher Eisebunn.

Et leit un der Regierung op si erëm en Rivival vun 1982 wëllen.

An, ass et net schon komesch, dass am Virfeld vun der Tripartite vum Statec behaapt ginn ass, dass mir, den OGBL, an der leschter Zäit eng schwaach Gewerkschaft gi wären.

Bedeit dat, dass do een Angscht virum OGBL huet?

Dass déi Behaaptung net stemmt Kolleeginnen a Kolleegen, hunn mir mat Zuele beluecht, an de beschte Beweis awer sidd DIER, déi haut massiv eisem Opruff zu dëser 1t Mee- Manifestatioun fir den Index nokomm sidd.

E grousse MERCI iech Alleguerten.

Dat soll der Regierung eng Warnung sinn, et ass nach ëmmer Zäit fir zeréck zerudderen an sech nach emol mam OGBL un een Dësch ze setzen, fir konstruktiv a wouer Léisunge géint des Krise ze sichen a welcher mer eis aktuell befannen.

Extrem bedauerlech ass et awer och, dass déi 2 Präsidente vum LCGB an der CGFP, déi am Virfeld vun dëser Tripartite, zesumme mam OGBL zum Index stoungen, dat wärend ganz schlëmme Verhandlungsmomenter, mat schlëmme Beschëllegung vum Patronat an
Regierung géint Gewerkschaften, zum Schluss ëmgefall sinn.

Eis Präsidentin huet sech jiddefalls net an der Tripartite ënner botteren gelooss, an dowéinst, Kolleeginnen a Kolleegen begréisst zesumme mat mir, esou wéi et sech gehéiert, d’Präsidentin vum OGBL, d’Nora Back.

Georges MERENZ

Präsident FNCTTFEL-Landesverband