Léiw Kolleeginnen a Kolleegen,
Ech begréissen Iech alleguerten häerzlech haut op eisem Protest-Piquet.
Et ass mir, als President vum Syndicat Eisenbunnen eng Freed ze gesinn, dass dir haut mat ärer Presenz weist, dass et esou net méi ka weider goen.
Är massiv Presenz wéist eis dass dir Iech net vun de Communiquéen déi CFL an de Syprolux leschte Freides publizéiert huet, hutt blende gelooss, an et ass fir eis e Beweis dass dir hanner dem stitt firwat mir haut hei stinn.
Dofir elo schonns e ganz grousse Merci un Iech alleguer.
Mir wëllen awer och béi dëser Geleeënheet der CFL Merci soen, net dass eis erëm reprochéiert ka ginn dass mir ondankbar wären, fir dass se sech dann dach schlussendlech zum 6-9-9 entscheet hunn. Op dësen Dossier wäert ech awer nach spéider méi an den Detail drop agoen.
Aktuell si Reunioune mat der Direktioun wéi och déi um Niveau vun de Chef de Servicen zu rengen Infoversammlungen degradéiert. De Sozialdialog, esou wéi en emol existéiert huet, ass quasi inexistent. Säit der Ukënnegung vum Protestpiquet ginn all Reunioune mat dem OGBL-Landesverband vu Säiten der CFL ofgesot.
En Intakte Sozialdialog ass fir eis extrem wichteg, well et e Prozess ass, wou de Patron zesumme mat de Gewerkschaften am Dialog no gemeinsame Léisunge sicht. Do wou am Konsens gemeinsam Decisioune getraff ginn, wou Interesse vun deenen zwou Säite berücksichteg solle ginn.
Momentan ginn Decisioune getraff déi just nach am Interesse vun der CFL sinn a net méi am Interesse vum Personal. Fir eis ass dat kee Sozialdialog méi, mee ee Sozialmonolog.
Ëmmer ëfters gi mir just nach viru vollendet Tatsaache gesat, an dat kréie mir dann als Sozialdialog verkaf.
Léiw Kolleeginnen a Kolleegen : Dees Situatioun ass fir eis net acceptabel !
Decisioune musse gemeinsam mat deenen 2 Sozialpartner getraff ginn.
Et gutt Beispill ass déi rezent Annonce vun der Aféierung vun der « Prime opérationelle ». Mir als OGBL-Landesverband hunn iwwer Méint probéiert, schrëftlech Detailer iwwert dës Prime ze kréien. Bis Haut hu mir déi awer leider net krut.
Och dëse Punkt hätt missen am Virfeld, mat de Membere vun der Delégatioun centrale, diskutéiert ginn. Mee dës Diskussioune ginn elo réischt gefouert.
Léif CFL, d‘Prime opérationelle ass just gutt fir Onzefriddenheet vun der Beleegschaft nach méi grouss ze maache. Dees Prime wäert Beleegschaft splécke, wëll et net ze verstoen ass firwat den En eppes kritt an en Anere, mam selwechte Grad, net. Déi Prime ass just en Drëps op de waarme Steen, mat esou enger homeopathesch Dosis gi mir eis, am Géigesaz zum Syprolux, net zefridden.
Een anert Beispill ass Aféierung vun néie Roulement. Bedéngt duerch Ofschafung vun de Galopp-Tier.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir als Syndikat Eisebunnen hunn är Ënnerschrëften déi dir gesammelt hat an der Sitzung vun der Delégatioun centrale vum 20. Dezember 2024 präsentéiert. Leider huet, déi Aktioun, déi vun Iech ausgaangen ass, CFL net wierklech interesséiert.
Duerno sinn Déngschtpläng mat Vertrieder vun deenen 2 Gewerkschaften ausgeschafft ginn, fir der CFL ze weisen, dass et och nach Alternativen zum System 3×8 ginn.
Ëmfroe, déi den OGBL-Landesverband gemaach huet, hunn zum Resultat geféiert dass iwwer 90% vum Personal net mat dem vun den CFL virgeschloene System vum 3×8 Stonnendéngscht averstane sinn.
Awer och dës Informatioun huet CFL net wierklech interesséiert.
Et ass permanent an den Aarbechtsgruppen iwwer dëst Thema diskutéiert ginn. Mir, als OGBL-Landesverband, haten och eng Entrevue beim Präsident vum Verwaltungsrot gefrot fir nach emol iwwer Galopp-Tier ze schwätzen.
Mee no dëser Sitzung, wou och nach de Generaldirekter an de Personaldirekter präsent waren, gouf weiderhin um System 3×8 festgehal.
Duerno hat Syndikat Eisebunnen sech nach eng Entrevue beim Personaldirekter gefrot fir iwwer Detailer vum Rapport vun der Aarbechtsdoktesch ze diskutéieren.
Punkte wéi, Mikropausen a net méi wéi 3 Nuetsschichten hannerenee, goufe just als Recommandatiounen ugesinn.
Fir d‘CFL war dunn dat Thema ofgeschloss wat och am Verwaltungsrot nach eng Kéier bestätegt ginn ass an et war just festgehale ginn, dass den RH, 3 Infoversammlunge géif organiséiere fir de betraffenen Mataarbechter/innen ze erkläre wat d’Avantagë vum System 3×8 wären.
Vu dass den OGBL-Landesverband sech awer net mat engem NEE als Äntwert zefridde ginn huet, hu mir eis dunn eng Entrevue am Ministère fir Mobilitéit a ëffentlech Aarbechte gefrot, fir iwwer de Sujet 3×8 mee awer och iwwer déi aner besteeënd Problemer bei den CFL ze diskutéieren.
Als direkt Resultat vun eiser Entrevue, huet CFL Direktioun elo leschte Freides um 14h59, iwwer eng Broadcast, d’Informatioun erausginn dass Sie eiser Fuerderung vum 6-9-9 elo awer géif nokommen.
An dass CFL elo déi Decisioun getraff huet ass bestëmmt net de Meritt vum Syprolux mee eleng eise Meritt, well ouni eis Entrevue an ouni eisen Opruff zum Protestpiquet hätt CFL déi Entscheedung dout sécher net geholl.
Léiw Kolleegen a Kolleeginne mir loossen et net zou, dass just nach iwwer eis Käpp ewech Decisioune getraff ginn.
Een aner gutt Beispill wou praktesch keng vun eise Fuerderunge respektéiert gouf ass de Sujet vun de Mataarbechtergespréicher. Hei war eng vun eise Fuerderungen dass „Évaluation des Compétences“ aus dem Dossier misst erauskommen. Mir krute kloer vun der Direktioun gesot, dass mir net géife wësse wat eng Bewäertung wär an dass „Évaluation des Compétences“ géif bléiwen. Esouguer eis Propositioun fir am Référentiel de compétences Stuff „non démontré“ erauszehuele gouf ignoréiert.
Dobäi baséiert sech CFL béi dësen Dossier op den Artikel 48 aus dem Statut den nom Gehälteraccord vun 2015 agefouert gouf.
An der Fonctioun publique gouf den „système d’appréciation“ elo am Dezember 2024 ofgeschaaft a trotzdeem féiert CFL de System an. Dat ass einfach net ze verstoen.
An fir et hei nach eng Kéier kloer ze stelle, mir sinn net géint Mataarbechtergespréicher mee ganz kloer géint Evaluatioun.
En aneren Dossier wou et einfach kee Fortgang gëtt ass d’IG 15 déi Astreinte reegelt.
Nodeems mir am Virfeld zwou Infoversammlunge mat de betraffenen Mataarbechter organiséiert hate, hu mir uschléissend e Fuerderungskatalog opgestallt mat de Fuerderunge vun de Mataarbechter. Et war probéiert ginn den Dossier gemeinsam mam Syprolux bei der Direktioun virzebréngen, mee leider war de Syprolux der Meenung dass de Projet vun der IG 15 esou wéi am Moment um Dech léit am grousse Ganzen dach awer ganz ok wär.
Enn November 2024 hu mir dofir eis Fuerderungen era ginn. Mee wéi sou oft an leschter Zäit, ass bis haut nëmme ganz selten iwwer IG 15 diskutéiert ginn an deemno och iwwer Fuerderungskatalog.
Fir op alleguer Problemer anzegoen déi et am Ament ob der Eisebunn ginn, sief et bei den Zuchbegleeder, de Fahrdienstleiter, am MI, am Bus mee awer och an de Services centraux géif elo de ganzen Dag brauche fir déi alleguer hei opzezielen.
Em sou Erstaunlecher ass et dass eis an är Uleies, vun der CFL méi ewéi stéifmuetterlich behandelt ginn.
Léif Kolleeginnen a Kolleege säit der Aféierung vun der Reform vun 2015 ass de Problem vum Personalmangel extrem a Luucht gaangen. Duerch dees Reform goufe Carrièrë gestreckt an Dir kommt net esou schnell op ären Endgrad oder guer net méi op deen Endgrad wéi dat emol virun der Reform vun 2015 de Fall war.
A verschiddenen Carrièrë kann e just nach no ganz bestëmmte Critèren ee Promotiounsexamen maachen. Dat bedeit, dass fir déi meescht vun iech domat de Wee verspäert ass fir jeemools däerfen de Promotiounsexamen ze maachen.
Mir fuerderen awer, dass nees jidderee säi Promotiounsexamen ka maachen an domat Méiglechkeet ka kréie fir op den Endgrad ze kommen an dat genau esou wéi dat beim Staat de Fall ass.
E weideren Dossier deen och schleeft ass d’Unerkennung vum BTS. Zanter 2024 fuerdere mir dass CFL kucke soll op wéi enge Plazen den BTS en Avantage duerstellt an dass déi Léit déi op esou engem Poste sëtzen endlech déi Prime ausbezuelt kréien.
Léiw Kolleeginnen a Kolleege säit der Reform hutt dir all missen drënner leiden dass mir net déi neidesch Leit sur Place hate fir d‘Aarbecht ze bewältegen. Et ginn ëmmer nees Problemer beim Congé dee kuerzfristeg geplangt ass. Och bei de Fahrdienstleiter, Gleisbau, Atelier, Zuchbegleeder, Buschaufferen, Lokführer, Administrativ Personal an e.s.w. besteet de Problem dass CFL net déi néideg Leit kritt fir dass den Effektiv de gebraucht gëtt, sur Place ass.
Et geet elo duer mat dem „sous-effektif“ um Terrain.
Léiw Kolleeginnen a Kolleege, fir déi Unzuel u Reesender déi all Dag den Zuch benotzte, brauche mir och deementspriechend Unzuel u Personal an dofir fuerdere mir als Syndicat Eisebunnen OGBL/Landesverband dass och deementspriechend genuch Léit um Terrain si fir ee gudde Service um Client kennen ze erméiglechen, ouni dass Personal muss ob fréi Deeg verzichten.
Leider huet CFL awer ëmmer méi Problemer gëeegent Personal ze fannen. Mee huet sech CFL awer schonns Fro gestallt firwat mir esou grouss Problemer hu gëeegent Mataarbechter/innen ze fannen ? Firwat gi Léit léiwer bei de Staat, eng Gemeng oder bei Police schaffe wann se de Choix hunn ? Op alle Fall menge mir net dass se Léit mat hirer « Prime opérationelle » bei CFL wäerte lackelen. Léit déi dat gleewen sinn realitéitsfriem. Dofir fuerdere mir dei selwecht Konditioune wéi beim Staat, net méi a net manner an dat besonnesch wat de Promotiounexamen ugeet.
Léiw Kolleeginnen a Kolleege. Problemer um Terrain si vill méi grouss wéi dat ëmmer vun der CFL duergestallt gëtt.
Mir als OGBL-Landesverband sinn, a waren nach ëmmer, fir all Gespréich mat der CFL bereet.
Et geet net em verletzte Stolz, ëmm Muechtpositiounen a ween soll recht behalen. Et geet em Iech Léif Kolleeginnen a Kolleege, et geet em är Rechter, är Gesondheet an em är berufflech Karriären ob der CFL.
Mir si bereet fir Verhandlungen an Diskussioune fir gemeinsam Léisungen zu eise Problemer ob der Eisebunn ze fannen. Dës Diskussioune sollen een Dialoge sinn an net ee Monolog vu Säiten der CFL.
Léiw Kolleeginnen a Kolleege :
Merci fir är Ënnerstëtzung an äert Vertrauen.
Nëmmen mat ärer Hëllef wäerte mir déi Problemer léise ganz nom Motto „Zesummen si mir staark“.
Georges Melchers
Präsident Syndikat Eisenbahnen
OGBL/FNCTTFEL-Landesverband