E ganz groussen Merci un den Georges Melchers, Präsident vum Syndikat Eisebunnen vum OGBL/Landesverband, dem Nora Back – Präsidentin vum OGBL, dem Giorgio Tuti Präsident vun der Sektion Eisebunn vun der ETF an eisem Transportminister an Vize-Premier François Bausch, dass si sech bereet erkläert hunn, haut den Owend e puer Wouert un iech ze riichten.

Ech soen awer och iech Alleguerten Merci, dass dir Iech den Owend e bëssen Zäit geholl hutt, fir den 68 Kongress vum Landesverband zesummen mat eis an engem gemittlechem Virowend ze lancéieren.

Als Iwwerschrëft vun menger Usproch den Owend steet nach ëmmer „Lescht Ried“.

Wéi ech 2017 d‘Mandat als Präsident vum Landesverband hei ugaangen sinn, war et eigentlech den Plang dass ech déi Ried schonn 2019 sollt halen, lo sinn mer 2022 an d’Ried passt awer nach ëmmer net zur Iwwerschrëft.

Op eisem ausseruerdentlech Kongress vun 2019, hunn mer hei am Haus no laanger Virlafszäit, en ganz wichtegen Schrëtt zur Integratioun an den OGBL gemaach.

Jo dësen Schrëtt war fir eis alleguer net einfach, mee e war awer néideg fir all eis Memberen an Zukunft, egal wat fir en Statut se och hunn, bescht méiglechst vertrieden ze kënnen.

An ech sinn frou dass mer eng Gewerkschaft sinn, wou eis Delegéierten et verstane hunn em wat et schlussendlech gëtt, sech anzesetzen, fir eis Memberen no eisem LOGO „Zesummen staark“.

Eis Memberen sinn dobäi net nëmmen statutaresch Eisebunner, se kommen aus ganz villen aneren Sparten, wéi zum Beispill, Chargés de Cours, Buschaufferen vum TICE an AVL, städtische Beamten.

A och si wäerten an Zukunft an de Syndikater SEW a SÖD vum OGBL a gudden Hänn sinn.

Eis Pensionären sollen hei awer och net vergiess ginn well si sinn et déi eis ganz genee kontrolléieren fir datt mir och wierklech alles richteg maachen.

Jo, dat stëmmt, virun der definitiver Integratioun an den OGBL muss nach vill geschafft ginn fir dass mir richteg zesummen ze fannen, mä wann alles esou einfach gewiescht wier, hätten meng Virgänger d’Integratioun scho laang duerch gezunn. Op der Schinn vertrieden mir och „net-statutaresch“ Memberen, an hier Zuel wiisst ëmmer méi an dëst bei den Filialen vun der CFL-Gruppe an bei Luxtram.

Bei der CFL Cargo an bei CFL Multimodal, hunn mer dëst Joer an engem schwieregen krisebedéngtem Ëmfeld, als OGBL/Landesverband mat den Verantwortlechen vun Multimodal an vun CFL-Cargo gutt Kollektivverträg ofgeschloss an dëst an engem gudden Sozialdialog.

Bei Luxtram sinn mir an den Verhandlungen vum zweetem Kollektivvertrag.

Ech ka mech nach ganz genau drun erënneren dass e Member aus dem Verwaltungsrot vun Luxtram mech virun e puer Joer nach vernannt hat, dass mir nëmmen roueg e Kollektivvertrag bei Luxtram sollten afuerderen, dass Luxtram datt dann allerdéngs net géif iwwerliewen.

Haut gëtt den Kollektivvertrag vun der Direktioun vun Luxtram als Atout bei den Astellungsgespréicher benotzt.

Datt ass dann awer schoun eng komesch Welt oder, firwat hunn verschidden Patron’en ëmmer sou eng Angscht virun engem Kollektivvertrag? Dobäi brauch e gudden Patron déi jo awer net ze hunn well jo déi zwou Säiten dovunner profitéieren. An engem Kollektivvertrag gëtt et jo net nëmmen em d‘Päi, fir e Patron ass e gudden Kollektivvertrag och wichteg fir seng Mataarbechter iwwer laang Joren ze fideliséieren.

Menges Wëssens no ass Luxtram jo trotz engem Kollektivvertrag eng Successstory, an den lëtzebuergeschen Staat ass net, wéi gefaart, duerch déi verbessert Léin faillite gaangen. Bei der leschter Sich fir 25 néi Leit als Tramsfuerer ze engagéieren louchen ronn 700 Demanden fir, dat schwätzt dach fir sech, oder?

Och fir déi Memberen déi ënner engem Statut schaffen ass d’Integratioun extrem wichteg, ech erënneren hei un den leschten Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht, wou den OGBL an den Landesverband net mat an Verhandlungen gelooss ginn sinn, well eng CGFP refuséiert hat, eis zu dësen Gespréicher zouzeloossen. An dat ganzt gouf dann och nach vum zoustännege Minister mat gedroen. Duerch dat Gehälterofkommes hun mir op der Eisebunn enormen Misär an eisen Karriären kritt, an och Haut hunn mir nach all Dag Problemer mat der Ëmsetzung vun dësem Ofkommen. Do huet eng Gewerkschaft Verhandlungen gefouert, an Entscheedungen fir eis matgeholl, déi leider Gottes keng Anung vun engem Eisebunnerstatut haten.

Als OGBL/Landesverband hunn mir eis an engem „Département de la Foncton Publique de L’OGBL“ zesummen geschloss. Mir fuerderen mat Nodrock dass, den OGBL/Landesverband bei déi nächst Gehälterverhandlungen am ëffentlechen Déngscht, an et ass héich Zäit därer erëm ze féieren, muss mat um Dësch sëtzen. An eis geet et elo och net drëms der CGFP en Zack aus der Kroun ze briechen, loin de là, mee mir wëllen just eis Memberen kompetent vertrieden.

Eng Warnung un den zoustännegen Minister Marc Hansen, den Feeler net méi nach eng Kéier ze maachen an den OGBL/Landesverband virun der Dier stoen ze loossen.

Mir brauchen eis Stäerkt jo net méi ze beweisen.

Den Landesverband an den OGBL hunn verstane, géintiwwer aneren Gewerkschaften, datt een zesummen schaffen muss fir dass mir eis esou beschtméiglechst fir eis Memberen kënnen anzesetzen.

Mir brauchen nëmmen d’Patronat als Beispill ze huelen, well wann et dorëms gëtt op dat schaffend Vollek ze klappen, dinn si sech zesummen an schwätzen eng Sprooch.

Ech war den leschten Freideg dobäi wéi déi nei Bréck vun der CFL iwwert Diddelenger Autobunn gefouert ginn ass. Dat ass en Moment wou een dann richteg Houfreg op säin Betrib ass. Wéi ech do der Bréck nogekuckt hunn, wéi se no Joren Planung an Bau, elo endlech eriwwer gefouert gouf an just nach op hir Endpunkten gesat huet missten ginn, hunn ech den Verglach mat eiser Integratioun an den OGBL gemaach.

Jorelaang ass doriwwer geschwat, verhandelt, blockéiert ginn, an 2019 hunn mer hei am Sall dunn endlech déi richteg Entscheedung getraff.

Elo ass et just nach um Punkt fir dat ganzt um Pilier ze verankeren.

An dowéinst Komerodinnen an Komeroden hunn ech decidéiert, meng ugefaangen Aarbecht mam Bau vun der Integratioun vum Landesverband an den OGBL, fäerdeg ze maachen.

Muer um Kongress, ass et un den Delegéierten ze entscheeden op mäi Mandat elo verlängert gëtt oder net.

Ech hunn awer nach e wichtegen Punkt fir den Landesverband, an dat ass den „Contrat de Service Public“. Hei steet Finanzéierungsgesetz kuerz virum Ofschloss. Do kennen mir einfach emol eisem Minister e groussen Merci ausschwätzen fir dat wat bis elo um Dësch léit. Awer och nach Merci un den Här Bausch fir all déi aner Investissementer déi hien als Transportminister an seng Amtszäit fir d’Eisebunn bis elo gemaach huet. Et bléift ze hoffen, dass mir dat selwecht zu den Detailer vum Kontrakt soen kënnen. Eng wichteg Revendicatioun vun eis ass, dass all Persounenzuch och an Zukunft mat engem Zuchbegleeder, bisweilen mat zwee Zuchbegleeder fir laang Zich mat grousser Persounenkapazität, besat bleiwen. Och wëllen mir, dass eis endlech, dat neit Beruffsbild vun den Zuchbegleeder virgestallt gëtt.

Jiddwerfalls ass et wichteg dass och an den nächsten Joren nach weider massiv an Eisebunn sou wéi an den ëffentlechen Transport investéiert gëtt, fir dat nozehuelen wat fréier Regierungen verpasst hunn.

Et muss och onbedéngt mat den Nopesch Reseau‘en Kontakt ophuelen fir erëm méi international Zich op Lëtzebuerg ze kréien. Eis Kolleegen vun der CGT hunn eng Kompagne initiéiert, déi voll an ganz vum Landesverband ënnerstëtzt gëtt, fir erëm Nuetszich aus Italien bis op Lëtzebuerg ze kréien. Hei däerfen mir et net verpassen mat Zäiten op den Zuch opzesprangen. D‘Menschen wëllen reesen an dobäi ass all km déi si mam ëffentlechen Transport maachen, an net mat hirem eegenen Auto, e Gewënn fir d’Ëmwelt. An dowéinst mussen een déi néideg Mëttelen wäitsiichteg en Place setzen. D’Schinn muss Nummer 1 an der Mobilitéit sinn, dat zielt souwuel fir den nationalen wéi fir den Internationalen Persounentransport mee awer och fir den Fret.

Et muss een schonn soen dass een an der Presse net vill iwwert den nationalen Fret op der Schinn hei zu Lëtzebuerg liest. Do besteet nach ganz vill Loft no uewen, an den Landesverband gëtt net midd sech dofir anzesetzen dass jidder nëmmen méiglechen Gidderverkéier international awer och erëm national zréck muss op Schinn verlagert ginn.

An ech sinn iwwerzeegt datt souwuel d’CFL wéi och d’CFL Cargo bereet sinn dësen Challenge mat ze stemmen. Et gëtt elo héich Zäit dass Regierung do e kloren Akzent an déi Richtung setzt.

Sou genuch geschwat, et ass un der Zäit eppes zesummen mat iech ze drénken an ze iessen dat ganzt musikalesch hannerluecht vun den 3 Lompekréimer.

Last but not least nach e ganz grousse MERCI un eist Personal – Malou – Carla – Inês an Adela, den Patrick net ze vergiessen.

Georges MERENZ

Präsident FNCTTFEL-Landesverband