Den 09 Juli huet sech eng Delegatioun vum Syndikat Eisebunnen FNCTTFEL/Landesverband besteeënd aus dem Dionisio BATTISTA, Jérôme TRAUSCH, Henri KLEIN, Georges MELCHERS, Patrick VANSTEENKISTE a Josy BOURGGRAFF mam Chef de Service, Serge DAEMS a mam Chef de Division ACCOMPAGNEMENT DES TRAINS, Quentin Fressigné getraff fir iwwer déi praktesch Ëmsetzung vun de néie Reegelen fir den Temps partiel ze diskutéieren.

De Service AV huet fir sämtlech Roulementen, Tableaue matt 100%, 80%, 75% a 50% Service elaboréiert.

Et ass geplangt dass d’Ëmsetzung vun desen Roulemente, matt 100%, 80%, 75% a 50% Service, mam Fuerplangwiessel 2024/25 soll wirksam ginn.

Bei eisem Treffen haut matt de Responsabele vum AV ass ausgemaach ginn, dass alleguer Léit déi am Moment en Temps partiel hunn, vum AV kontaktéiert ginn, fir gemeinsam déi bescht méiglech Léisung zu fanne wat hiren zukünftegen Roulement ugeet.

Wichteg ass et ze soen dass déi Responsabel eis ze verstoe ginn hunn dass probéiert gëtt, fir alleguer déi Mataarbechter a Mataarbechterinnen déi duerch valabel Ursaachen net zu 100% an een vun de proposéierten Tableauen erapasst, Léisungen ze fanne, fir dass deenen Contraintë Rechnung ze droen.

Dofir maachen mir elo en Appell, dass sämtlech Kolleegen an Kolleeginnen déi fondéiert Contrainten hunn, sech direkt solle beim Quentin Fressigné melle, fir ze kucken déi bescht méiglecht Léisung ze fannen, déi deenen Contrainten dann och Rechnung dréit. Bis elo ass den Exercice schonns matt e puer Mataarbechter a Mataarbechterinne gemaach ginn.

Falls dir Froe sollt hunn, kënnt dir Iech roueg béi eis mellen.

Mir si fir Iech do !