De 06. an 18. Juni hat d’Syndikat Eisenbunnen vum OGBL 2 Infoversammlungen iwwer d’IG 15 organiséiert, wou mir de Mataarbechter:innen aus dem MI an dem TM déi lescht Versioun vun der IG 15 matt de Ännerunge virgestallt hunn, esou wéi se aktuell um Dësch léit.

Uschléissend konnten d’Léit hier Meenung soen, an eis och gläichzäiteg matdeele wat fir eng
Verbesserungen nach missten un der IG 15 virgeholl gi, fir dass déi néi Versioun vun dëser
Instruktioun kéint akzeptéiert ginn.

Opgrond vun dësen zwou Versammlungen, hu mir als Syndikatsexekutiv, dem Präsident vun
der Zentraldelegatioun eise Fuerderungskatalog geschéckt, matt de Verbesserungen déi mir
gären nach wëllen hunn. Am August hu mir eis dunn mam Syprolux getraff, fir iwwer eis
Fuerderungen ze diskutéiere, mam Ziel fir uschléissend e gemeinsame Fuerderungskatalog un d’CFL ze adresséieren.

No der Reunioun mam Syprolux si mir als Syndikat Eisebunnen awer zu Iwwerzeegung komm, dass mir mam Syprolux an dësem Dossier op kee gréngen Zweig wäerte komme, well de Syprolux, entgéint sengem Walprogramm fir d’Sozialwalen, den aktuelle Projet vun der IG 15 elo dach awer net esou schlecht fënnt.

Dofir wäerte mir elo am Hierscht, als Syndikat Eisebunnen, der CFL eise Fuerderungskatalog schécken. Mir sinn der Meenung dass eis Fuerderungen net iwwerdriwwe sinn, mir awer selbstverständlech oppen si fir zesumme matt de CFL doriwwer ze diskutéieren an eng gemeinsam Léisung fannen déi jidderee kéint arrangéieren.

Esoubal sech en néie Moment an dem Dossier ergeet, wäerte mir Iech selbstverständlech
informéieren.

Syndikatsexekutiv

News – IG 15