No den éischten Infoversammlungen vun den zwou Gewerkschaften, déi den 10 Januar waren, an no Sitzung vum „Comité de Suivi réglementation RH“ vum 17. Januar, huet Syndikat Eisebunnen FNCTTFEL/Landesverband zesumme mam Syprolux de 24. Januar eng zweet Infoversammlung organiséiert. Ganz erfreelech war Tatsaach dass niewent de Mataarbechter aus dem EI och vill Vertrieder vum TM (BLZ an CM24) an aus dem Bus (CEB) präsent waren déi jo och vun deser Moossnam betraff sinn.
Am Kader vun dëser zweeter Infoversammlung si Kolleegen iwwer den aktuelle Stand vum Dossier a Bild gesat ginn. Léit krute Resultater vun den zwou Ëmfroen déi béi de Mataarbechter aus dem EI an aus dem TM präsentéiert. Des Weideren ass de Roulement gewise ginn, de mir no der Sitzung vum „Comité de Suivi réglementation RH“ vum 17. Januar geschéckt kruten an den der Fuerderung 6-8-10 Rechnung dréit.
Béi der uschléissender fréier Aussprooch, krute mir vun de Mataarbechter aus dem TM an aus dem Bus mat op de Wee, dass Sie éischter fir eng Léisung op 6-9-9 wären. Bei denen zwee Servicer besteht kee Besoin fir eng Dauer vun der Nuetsschicht vun 10 Stonne well sie jo keng Chantier ze geréieren hunn.
Mir wäerten dëst Uleies de Responsaablen vum RH matdeelen, a wäerten eis dofir asetze fir dass dem och Rechnung gedroen gëtt.
Eng nächst gemeinsam Infoversammlung ass de Freideg de 28. Februar 2025 um 13h00 am Casino Syndical.