Wann d’Gewerkschaften d’Stëmm vum Terrain an der Politik musse sinn
Déi rezent Tripartite huet nach eng Kéier gewisen, wéi wichteg et ass, datt d’Gewerkschaften sech aktiv un de gesellschaftlechen a politeschen Debatte bedeelegen.
Net well si eng politesch Partei ersetze wëllen, mä well si d’Aufgab hunn, d’Interesse vun de Salariéen ze vertrieden an hir Stëmm an déi Debatten anzebréngen, wou d’Decisioune fir d’Zukunft vun eisem Land geholl ginn.
